contact op te nemen met uw vertrouwde adviseur, bij voorkeur via telefoon of beveiligde e-mail, of vooraf een afspraak te maken voor een gesprek.
Zo gebruiken we momenteel zoveel mogelijk de telefoon en onze beveiligde digitale kanalen. Indien u een persoonlijk onderhoud met uw adviseur wenst, raden we u aan vooraf een afspraak te maken.
Entrepreneur
sinn, ass eng passioun
Eng global Begleedung fir Äre Betrib
FINANZÉIERUNG
BANKGARANTIEN
GESTIOUN VUN DEN TRESORERIES-IWWERSCHËSS
IWWERGAB
DAGDEEGLECH GESTIOUN
Wéi kann ech vu personaliséierte Léisunge profitéieren?
Mäi Betrib an engem Ëmfeld, dat sech verännert, weiderzëentwéckele verlaangt permanent Efforten. Wéi kann ech vu kuerz, mëttel a laangfristege Léisunge profitéiere fir meng Projeten ze verwierklechen?
Mir proposéieren Iech:
- Finanzementer: Projetsfinanzéierung, Investitiounskredit, Leasing, Kredit um Compte Courant.
- D’Berécksiichtegung vun enger nohalteger Entwécklung.
- Personaliséiert Spuer- an Investéierungsléisunge fir är Liquiditéiten.
- Dagdeeglech finanziell Gestioun vun Ärem Betrib.
- Begleedung vun der Famill an deene verschiddene Phase vum Iwwerdroe vum Betrib
Wéi kann ech a menge komplexen Erausfuerderunge begleet ginn?
Meng Besoine verbannen oft berufflech a privat Iwwerleeungen. Wéi fannen ech di passend Berodung am Interessi vu mir, menger Famill a mengem Betrib?
Mir erfëllen är Uspréch:
- Global Vu op Äert Verméigen.
- Beroodungsapproche déi dorausser besteet eis spezifesch Kompetenze mat deene vun externe Partner ze kombinéieren.
- Ar Besoinen antizipéieren.
- Sensibilisatioun op Sujeten déi Iech concernéieren.
Wéi kann ech eng vertrauensvoll Bezéiung zu menger Bank opbauen?
Et ass ëmmer schwiereg de richtege Partner ze fannen, deen erreechbar ass a meng strateegesch a finanziell Erausfuerderunge versteet. Wéi fannen ech en Uspriechpartner dee souwuel mech wéi och mäi Betrib, seng Aktivitéit a seng Geschicht versteet?
Mir stinn Iech zur Säit mat:
- Enger personaliséiert Approche duerch en dediéierte Conseiller mat enger limitéierter Unzuel u Clientë.
- Enger laangfristeg Begleedung.
- Enger proaktiv Demarche, mat engem reegelméissegen Austausch.
- Eiser Präsens um Terrain.
Wéi kann ech d’Iwwergab vu mengem Betrib plangen an erfollegräich duerchféieren?
D’Zukunft virbereeden, der Komplexitéit vun engem Familljebetrib Rechnung droen, mäi Betrib verkafen oder der nächster Generatioun iwwerdroen... Wéi kann ech dës wichteg Etapp vu mengem Liewen an deem vu mengem Betrib am Beschte virbereeden?
Mir begleeden Iech an andems mer:
- Der Famill hëllefen Distanz zum Projet „Iwwergab“ ze huelen.
- All d’betraffen Partei’en alueden zum Projet beizedroen: Present Gen an Next Gen.
- D’Famill beim gemeinsamen Fannen vun enger Léisung ennerstëtzen di suwuel d’Weiderfeiren vum Betrib ustrieft, wéi d’Harmonie an der Famill.
- Programmer ubidden di d’Present Gen an d’Next Gen op d’Herausfuerderungen vun enger Iwwergab opmierksam machen.